De Jean-Claude Juncker huet dogéint am August ugekënnegt, den Indexsystem einstweilen ze behalen. Allerdéngs verweist och de lëtzebuerger Premier op en Iwwerdenke vun aktuelle Mechanisem. Domat kéint de Juncker op eng méiglech Deckelung vum Index op en zweefache Mindestloun uspillen.
Am Hierscht kënnt d'Thema Index bei der Regierung erëm zur Sprooch. Déi lescht Tripartite am Fréijoer war schief gaang, well sech d'Regierung, Patronater a Gewerkschaften net op e gemeinsamen Nenner a Saachen Index eenege konnten. Envoyer cet article par email
Authors: news352