Nodeems d'EU zur Stabiliséierung vum Euro am Mee ënner héijem Zäitdrock zesumme mam internationale Währungsfonds en 750 Milliarden Euro grousse Schutzschierm op d'Been gestallt hat, steet och e laangwierege Krisenofwiermechanisem zur Diskussioun. Ma de Jean-Claude Juncker wëll, anescht wéi de Bundesfinanzminister Wolfgang Schäuble, dëst Thema net direkt opgräifen. Iwwert dëse Mechanisem kéint een an de kommende Woche schwätzen oder, wat nach méi gescheit wier, dës Fro nach méi spéit traitéieren, sou de Juncker. De Mechanisem erfuerdert wahrscheinlech eng Ännerung vum EU-Vertrag, dozou wieren d'EU-Staaten net bereet. Envoyer cet article par email
Authors: news352