Déi weltwäit wichtegsten Satellittenfirma huet am éischten Trimester vun dësem Joer eng Hausse vum chiffre d'affaires a vum Gewënn erreecht. En Donneschden hat d’Firma hir Resultater fir den éischten Trimester 2011 verëffentlecht.
Deemno huet d’SES tëschent Januar a Mäerz 428 Milliounen Euro, oder 4,2% méi e groussen chiffre d'affaires wéi am Trimester virdrun. Den Nettogewënn ass ëm 40% op 150 Milliounen Euro geklomm.
D’Firma, déi och d’Astra Satellitten huet, mécht weiderhin gutt Geschäfter, well fir 2011 soll den chiffre d'affaires ëm 3% an d’Luucht goen. Dës Hausse ass virun allem der Entwécklung vun den HD-Programmer (High Definition Television) ze verdanken, seet SES.
SES Astra sent an Europa 211 HD-Tëleesprogrammer, wat der elo schonns 21 méi sinn ewéi Enn 2010. Vun am ganzen 20 Milliounen HD-Telés Uschlëss an Europa, sinn der 16 Milliounen bei SES.
„Astra ass déi wichtegst HD-Plattform a ganz Europa“ heescht et. Astra besteet antëscht aus 17 Satellitten, déi di 135 Milliounen Satellitten - an Kabeluschlëss mat iwwert 2500 analogen an digitalen Tëlees – an Radiosprogrammer versuergen. Fir 2011 huet SES wëlles sechs nei Satellitten an de Weltall ze schécken, fir di méi grouss Demande, déi haaptsächlech vun neien Industrielänner kënnt, ze befriddegen.
Vun 2010 bis 2012 wëll SES hiren chiffre d'affaires ëm féier bis fënnef Prozent erhéijen.
 Le principe Noemi concept
		    			Le principe Noemi concept			   
			 Astuces informatiques
		    			Astuces informatiques			   
			 Webbuzz & Tech info
		    			Webbuzz & Tech info			   
			 Noemi météo
		    			Noemi météo			   
			 Notions de Météo
		    			Notions de Météo			   
			 Animation satellite
		    			Animation satellite			   
			 Mesure du taux radiation
		    			Mesure du taux radiation			   
			 NC Communication & Design
		    			NC Communication & Design			   
			 News Département Com
		    			News Département Com			   
			 Portfolio
		    			Portfolio			   
			 NC Print et Event
		    			NC Print et Event			   
			 NC Video
		    			NC Video			   
			 Le département Edition
		    			Le département Edition			   
			 Les coups de coeur de Noemi
		    			Les coups de coeur de Noemi			   
			 News Grande Région
		    			News Grande Région			   
			 News Finance France
		    			News Finance France			   
			 Glance.lu
		    			Glance.lu			   
			



 
	       
	       
	       
	       
	       
	       
	       
	       
	       
	      




