Tuesday 17 September 2024
Font Size
   
Friday, 20 May 2011 17:00

Méi e groussen chiffre d'affaires a méi en héijen Gewënn fir d’SES

Déi weltwäit wichtegsten Satellittenfirma huet am éischten Trimester vun dësem Joer eng Hausse vum chiffre d'affaires a vum Gewënn erreecht. En Donneschden hat d’Firma hir Resultater fir den éischten Trimester 2011 verëffentlecht.

Deemno huet d’SES tëschent Januar a Mäerz 428 Milliounen Euro, oder 4,2% méi e groussen chiffre d'affaires wéi am Trimester virdrun. Den Nettogewënn ass ëm 40% op 150 Milliounen Euro geklomm.

D’Firma, déi och d’Astra Satellitten huet, mécht weiderhin gutt Geschäfter, well fir 2011 soll den chiffre d'affaires ëm 3% an d’Luucht goen. Dës Hausse ass virun allem der Entwécklung vun den HD-Programmer (High Definition Television) ze verdanken, seet SES.

SES Astra sent an Europa 211 HD-Tëleesprogrammer, wat der elo schonns 21 méi sinn ewéi Enn 2010. Vun am ganzen 20 Milliounen HD-Telés Uschlëss an Europa, sinn der 16 Milliounen bei SES.

„Astra ass déi wichtegst HD-Plattform a ganz Europa“ heescht et. Astra besteet antëscht aus 17 Satellitten, déi di 135 Milliounen Satellitten - an Kabeluschlëss mat iwwert 2500 analogen an digitalen Tëlees – an Radiosprogrammer versuergen. Fir 2011 huet SES wëlles sechs nei Satellitten an de Weltall ze schécken, fir di méi grouss Demande,  déi haaptsächlech vun neien Industrielänner kënnt, ze befriddegen.

Vun 2010 bis 2012 wëll SES hiren chiffre d'affaires ëm féier bis fënnef Prozent erhéijen.

Last modified on Friday, 20 May 2011 21:45
French (Fr)English (United Kingdom)

logo-noemi

Parmi nos clients