Thursday 19 September 2024
Font Size
   
Friday, 20 May 2011 17:00

E vereenten Weekend

E Freiden den 13.ass et also eriwwer mat dem summerlechen Wieder. Wann et haut och nach sonneg wäert bleiwen, ass awer fir muer schonns e bedeckten Himmel z’erwaarden.

Et sollen muer just seelen Opklärungen ginn an et ass haaptsächlech am Nomëtten mat staarken Schaueren ze rechnen. T’selwecht wäert et dann och e Sonnden viru goen, an iwwert di nächst Woch bleift den Himmel gro an et wäert och nach méi Reen ginn.

Wat d’Temperaturen ubelaangt, di bleiwen haut nach bei ëm di 20°C, mä falen dann awer vu muer un an wäerten de Weekend net iwwer 15°C klammen.

Mat aneren Wieder, et hätt een besser Freides den 13.ze genéissen!

Last modified on Friday, 20 May 2011 21:44
French (Fr)English (United Kingdom)

logo-noemi

Parmi nos clients