Thursday 19 September 2024
Font Size
   
Friday, 20 May 2011 17:00

Vergewaltegungsdrama: Den IWF-Chef Strauss-Kahn muss haut virun den Haftriichter

Den Chef vum internationalen Währungsfong, Dominique Strauss-Kahn wiert sech géint d’Virwërf vun sexueller Belästegung vun engem Zemmermeedchen zu New York - den IWF Chef huet de Policbüro mat Handschellen verlooss.

Den 62 Järegen géing “energesch” géint d’Uschëllegungen virgoen, esou säin Affekot Benjamin Brafman en Sonndegowend. Säin Client géing all Art vun falschem Behuelen vun sech weisen esou den Affekot firum New Yorker Geriichtsgebai wou den IWF Chef sech haut verantworten muss. En aneren Affekot vum Dominique Stauss-Kahn hat gëscht Owend ënnerstrach dat den IWF Chef eréischt haut virun den Haftriichter kennt. D’Police wéilt nach weider Beweiser sécheren an d’ Kleedung vum Strauss Kahn op DNA Spueren préiwen.

Dem Fransous gëtt versichten Vergewaltegung, sexuell Belästegung an Fraiheetsberaubung vun engem Zemmermeedchen virgeworf. Déi 32 Joer aal Fra huet der Police no ausgesot dat den Strauss-Kahn si bedrängt hätt wou en plakeg aus der Dusch koum. An den USA stinn op dës Beschëllegungen eng 20 Joer Prisong.


Well den Rendezvous mam Haftriichter vun en Sonnden op haut verluet gouf, huet och den Verwaltungsrot vum IWF eng Sondersetzung op haut Méindeg geréckelt. Den IWF Spriecher William Murray huet ënnerstrach et géing een déi weider Entwécklungen zu New York ofwaarden. Och gouf ugekënnegt dat den John Lipsky momentan d’Geschäfter vum IWF iwwerhëlt.

Last modified on Friday, 20 May 2011 21:22
French (Fr)English (United Kingdom)

logo-noemi

Parmi nos clients