Tuesday 17 September 2024
Font Size
   
Friday, 20 May 2011 17:00

D’Géigner vun der Juegd si net zefridden mam neien Gesetz

D’Géigner vun der Juegd si géint en neit Gesetz daat agefouert gouf fir d’ Jeeër anzeschränken. Si mengen dat dëse Statut net wäit genuch geet.

No méi wei 8 Joer Preparatioun, an villen politeschen Divergenzen iwwer wat richteg a wat falsch ass, huet d’ Parlament en neit Gesetz gestemmt.Doduerch kréien d’Proprietairen vun den Bëscher déi keng Juegten an hirem Bësch toleréieren méi Rechter.

Ausserdeem dierfen d’Jeeër d’Welt net méi fidderen, well doduerch d’Deieren ugelackelt, an déi natierlech Begrenzung vum Wëldbestand duercherneen bruecht gouf.Lockfütterungen sinn awer weiderhin erlaabt.

Och d’ Jeeër sinn net zefridden mam Gesetz well et de Géigner ze vill Fräiheet gëtt; déi hirersäitsawer nach méi Restriktiounen fuerderen. Eng Rei vun hinen mengen dat d’Jeeër sech net wäerten drun halen.

Nach d’lescht Woch hunn eng 7’000 Leit mat enger Petitioun géint d’Gesetz protestéiert.

Last modified on Friday, 20 May 2011 21:23
French (Fr)English (United Kingdom)

logo-noemi

Parmi nos clients