Tuesday 17 September 2024
Font Size
   
Friday, 20 May 2011 17:00

Serbesch Flüchtlinge net méi zu Lëtzebuerg wëllkomm


En Dënschdeg hat den Jean Asselborn en Renconter mam Serbeschen Premier Minister Mirko Cvetkovic an Ausseminister Vuk Jeremic an Serbien. Den Ausseminister huet kloer ausgedréckt dass an Zukunft keng Serbesch Flüchtlinge méi zu Lëtzebuerg opgeholl ginn. Dest wier well d'Situatioun am Land net méi schlëmm genuch ass fir dass d'Leit aus Serbien flüchten missten. Lëtzebuerg wäert vun elo un keng onbegrënnten Demande op Asyl aus Serbien méi erlaben.

Den Jean Asselborn huet bei senger Renconter de Rapprochement vu Serbien mat der EU begréisst, an gesot dass Lëtzebuerg dësen Schrëtt ënnerstëtzt.

D'Zuel vun den Serbeschen Flüchtlinge ass iwwert déi läscht zwee Méint dramatesch gefall: am Mäerz haten nach 179 Persounen eng Demande op Asyl zu Lëtzebuerg gemaach, am Abrëll waren et der nëmmen nach 27.

Last modified on Friday, 20 May 2011 21:28
French (Fr)English (United Kingdom)

logo-noemi

Parmi nos clients