Tuesday 17 September 2024
Font Size
   
Friday, 20 May 2011 17:00

Kannerbetreiung zu Lëtzebuerg mat engem Klick am Internet

D'Websäit, déi en Dënschdeg an enger Pressekonferenz virgestallt ginn ass, soll Elteren hëllefen déi richteg Crèche ze fannen, déi entweder no vun doheem ass, oder an der Géigend vun der Aarbechtsplaz ass. Am Moment sinn 80% vun den Crèchen aus dem Land op der Websäit vertrueden. Dëst soll d'Kannerbetreiung vun Kanner am Alter tëschent dräi Méint an 12 Joer verbesseren.

Am Joer 2010 goufen et am Ganzen 32,000 Crèche Platzen zu Lëtzebuerg – dat waren der 12,000 méi wei am Joer 2009. Trotzdem geet dëst ëmmer nach net duer. Dowéinst sollen lo eng weider 8000 nei Crèchen Platzen an den nächsten Méint creéiert ginn.

D'Regierung investéiert am Moment vill Suen an d'Kannerbetreiung. Dëst Joer sinn 140 Milliounen Euro dofir agesat ginn, fir d'Joer 2012 sinn der 180 Milliounen virgesinn.

Last modified on Friday, 20 May 2011 21:30
French (Fr)English (United Kingdom)

logo-noemi

Parmi nos clients