De Jean-Claude Juncker an den Yves Mersch, hunn alle béid drop gedrängt, dass de Grupp vun den 16 Euro-Staaten dru schaffe soll, d'Ongläichgewiichter ze verréngeren. Dëst soll hirer Opfaassung no, zum Schwéierpunkt bei der géigesäiteger Iwwerwaachung um Niveau vum Europakt ginn.
Den Ament gëtt bannent der Eurozon iwwert e neie Mechanisem nogeduecht, fir d'Anhale vun den, am europeäsche Stabilitéts- a Wuesstemspakt virgeschriwwen Haushaltsregele méi staark ze kontrolléieren. E puer Euro-Länner, dorënner Griicheland, hätten an de vergaangene Joere ronn 25 Prozent vun hirer Competivitéit missen abéissen, sou de Juncker. Fir d'Ongläichgewiichter bannent dem Währungsraum ze reduzéieren, sollte Länner, deenen hir Konkurrenzfäegkeet ze séier zeréckfält, deemno public gemaach ginn. Envoyer cet article par email
Authors: news352