Tuesday 17 September 2024
Font Size
   
Friday, 20 May 2011 17:00

Jean-Claude Juncker schockéiert: Strauss-Kahn e “gudden Frënd”

Den lëtzebuerger Regierungschef Jean-Claude Juncker huet sech schockéiert iwwert d’Vergewaltegungsvirwërf géint den Chef vum international Währungsfong (IWF), den Dominique Strauss-Kahn gewisen. “Ech bedaueren d’Situatioun immens, et ass e gudden Frënd vun mir, ” esou den Juncker no der Entrevue vun den Finanzminister vun den Eurolänner e Méindenowend zu Bréissel.

Den Strauss-Kahn setzt zu New York an Untersuchungshaft. Dem Fransous gëtt versichten Vergewaltegung, Fräiheetsberaubung an e “kriminellen sexuellen Akt” virgeworf. E Samschden war hien zu New York festgeholl ginn, well en soll probéiert hunn en Zemmermeedchen aus engem Luxushotel zum Sex zezwéngen.

Den Dominique Strauss-Kahn huet sech a kengem Punkt schëlleg bekannt. A sech hätt den Chef vum IWF bei der Entrevue vun den Finanzminister e Méindegowend sollen dobäi sinn.

Last modified on Friday, 20 May 2011 21:27
French (Fr)English (United Kingdom)

logo-noemi

Parmi nos clients