Thursday 19 September 2024
Font Size
   
Friday, 20 May 2011 17:00

Lëtzebuerg gëtt den ok fir bëlleg Atomtester

Obwuel den Lëtzebuerger Premier Minister Jean-Claude Juncker nach leschte Mount gefuerdert huet dass Terror Attacken an Fliger Ofstierz an den Tester abegraff sinn, gëtt Lëtzebuerg elo zou dass dës Punkten net vital sinn. Den Lëtzebuerger Gesondheetsminister Mars di Bartolomeo sot awer an engem Interview mat der Lëtzebuerger Zeitung Wort dass wann et no Lëtzebuerg gaangen wier, wieren d'Stress Tester méi wäit gaang.

Déi Gréng kritiséieren d'Décisioun fir keng Terror Attacken an Fliger Ofstierz anzebegräifen – si soen et wier absolut inadequat. Déi Lenk Partei huet och hir Bedenken, si soen si wieren sech net sécher ob d'Stresstester jeemools gemaach wäerten ginn.

Et ass nach ëmmer net zu enger finaler Versioun vun den Stresstester komm. Déi 27 EU Memberstaten sinn nach amgaangen ze decidéieren wat elo genee getest muss ginn an wei. Representanten vun der 'Europäescher Union wäerten sech haut um Donneschdeg treffen fir weider Decisiounen an Punkto Stresstester ze treffen.

Last modified on Friday, 20 May 2011 21:36
French (Fr)English (United Kingdom)

logo-noemi

Parmi nos clients