Friday 24 January 2025
Font Size
   
Tuesday, 09 February 2010 00:00

Schwéierblesséiert duerch fatalen Accident op der A6

Wéi d'Police matgedeelt huet, ass et op der A6 a Richtung A1, op der Héicht vum Gaasperecher Kräiz zu engem uergen Accident komm. Géint 10.25 Auer war e Camionschauffer mat sengem Gefier op der Autobunn ënnerwee, wéi hien op eemol en Opprall um Camion gespuert hat. De Chauffer ass stoe bliwwen an huet misse feststellen, dass en Auto mat der Chauffersäit a seng Remorque gerannt war. En zweeten, accidentéierten Auto stoung op der Iwwerhuelspur.

Wat genee geschitt ass, muss nach gekläert ginn.

Éischten

Ermëttlunge no huet ee vun den zwee Automobilisten d'Kontroll iwwert säi Gefier verluer an et ass zum Zesummestouss komm. Den éischten Auto ass dobäi an d'Schleidere komm an ass dem Camion hannendrop geknuppt. Ma wéi genee d'Ëmstänn vum Accident sinn, muss nach ënnersicht ginn.

De Chauffer am éischte Gefier, dat mam Camion kollidéiert ass, ass beim Accident uerg blesséiert ginn. Hien huet misse vun de Pompjeeën aus dem Autowrack befreit ginn. Seng Bäifuererin ass mat liichte Verletzungen dervukomm an och de Chauffer am aneren accidentéierten Auto hat Gléck an ass liicht blesséiert ginn. Sämtlech Persoune sinn an d'Spidol ageliwwert ginn.



Op der Plaz war de SAMU Lëtzebuerg an d'Beruffspompjeeën. De Verkéier ass iwwert eng Niewspur (Sortie Lëtzebuerg-Gaasperech a weider a Richtung Tréier) ëmgeleet ginn. Am Zesummenhang mam Accident freet d'Police awer ëm Hëllef aus der Bevëlkerung. Sämtlech Hiwäiser, déi zur Opklärung vum Ongléck bäidroen, sinn um 4997-4500 ze mellen.

Envoyer cet article par email

Authors: news352

klickt hei fir mei ze wëssen

Last modified on Tuesday, 30 November 1999 01:00
French (Fr)English (United Kingdom)

Parmi nos clients