Authors: news352
Thursday, 01 January 1970 02:00
Mann lauert Police op a blesséiert Beamten
- font size decrease font size increase font size
Wéi d'Police matgedeelt huet, waren d'Beamte vum Centre d'Intervention Gare géint 6.00 Auer zu enger Kläpperei an der Rue de Hollerich geruff ginn. Op der Plaz ukomm, hunn zwee Männer uginn, vun direkt e puer Persoune geschloe ginn ze sinn, déi sech duerno a Richtung Gare dervugemaach hätten. D'Policepatrull konnt spéider, wéi beschriwwen, eng Grupp vun e puer Persounen untreffen, déi ze Fouss bei der Gare ënnerwee waren. Zwee Männer si vun der Police fir eng Kontroll mat op de Büro geholl.
<br
/>
Nëmme kuerz Zäit méi spéit, wollten d'Policebeamten sech erëm op de Wee op Patrull maachen an hunn de Büro op der Gare verlooss. Ma virun der Dier stoung e Mann, deen hinnen de Wee verspäert huet a partout net wollt réckelen. Direkt e puer Mol ass de Mann opgefuerdert ginn, Plaz ze maachen, ouni Reaktioun. D'Police hunn de Mann probéiert op d'Säit ze drécken, deen dogéint gehalen huet. Dobäi ass ee vun de Beamte mat senger Hand tëscht d'Aganksdier geroden, déi grad an deem Moment zougefall ass. Hien ass blesséiert ginn an ass aus Sécherheetsgrënn an d'Spidol bruecht ginn.
Envoyer cet article par email
Last modified on Tuesday, 30 November 1999 01:00
Read 10460 times
Like this? Tweet it to your followers!
Published in
Informations Luxembourg et Grande Région
accident
Amazing
animal
animals
animaux
avec
baby
bébé
car
Cat
chat
chien
comment
Crazy
Cute
dans
Dog
droles
Echec
fail
From
funny
jump
nature
new
people
pour
raté
russia
russie
saut
sauvage
Sport
stupid
sur
Technique
The
truck
une
usa
vehicule
vehicules
video
video du jour
videos
voiture
webbuzz
wild
with
étonnant