Saturday 21 June 2025
Font Size
   
Informations Luxembourg et Grande Région
Saturday, 09 January 2010 00:00

Schwanger Fra baut Accident

Op der Streck tëscht Bus an Éiter huet eng schwanger Fra d'Kontroll iwwert hiert Gefier verluer, huet fir d'éischt e Bam mat der Bäichaufferssäit ze pake kritt, fir dann an engem Gruef un d'halen ze kommen. Bis elo ass nach net gekläert, wéi et zum Accident komme konnt.

D'Fra, déi am sechste Mount schwanger ass, huet misse mam Helikopter an d'Spidol geflu ginn. D'Streck huet wéinst der Landung vu der Air Rescue an den Opraumaarbechte misse bis 17.00 Auer gespaart ginn.

Op der Plaz waren d'Pompjeeë vu

Saturday, 09 January 2010 00:00

Accident mat Sportsfliger um Findel

Wéi d'Police matgedeelt huet, ass et en Dënschdenowend, géint 19.00 Auer zu engem klengen Accident komm. Bei engem Sportsfliger vum Typ Piper war bei der Landung dat rietst Rad ofgebrach.

D'Maschinn huet sech doropshin ëm 180 Grad gedréint, ier sech zum Schluss un d'hake komm ass. Béid Passagéier u Bord si beim Accident net blesséiert ginn. Ma de Flughafen huet wéinst den Opraumaarb3echten missen fir 40 Minutte gespaart ginn.

Page 1075 of 1116
French (Fr)English (United Kingdom)

logo-noemi

Parmi nos clients