De Putin gëtt dobäi als «Alpha-Rüde» bezeichnet, de Präsident Dmitri Medwedew als 'blass' an 'zögerlech'.
D'Angela Merkel gëtt bemierklech als 'Teflon-Merkel', well vill vun hir ofspréngt, 'wéineg kreativ' a 'risikoschei' beschriwwen. Den Ausseminister Guido Westerwelle als inkompetent, eitel, US-kritesch an aggressiv. De franséische Staatschef Nicolas Sarkozy gëtt als 'Kaiser ouni Kleeder' bezeechent.
Vum libesche Revolutiounsführer Muammar al-Gaddafi gëtt gesot, datt hien ni ouni enger 'vollbüsiger' ukrainescher Krankeschwëster reest.
Den italienesche Ministerpräsident Silvio Berlusconi, deen an de Berichter vun den US-Diplomaten wéinst sengem ausschwäifende Liewensstil kritiséiert gëtt, huet sech offenbar amuséiert. Den Angaben no hätt hien 'gutt gelaacht', wou hien iwwer den Inhalt erausfonnt huet, sou déi italienesch Noriichtenagence Ansa. Déi britesch Zeitung 'Guardian' bericht, datt US-Diplomaten de Berlusconi als 'inkompetent, opgeblosen an ineffektiv' beschreiwen.
De verëffentlechten Dokumenter no hätt den iranesche Revolutiounswächter Mohammed Ali Dschaafari den Präsident Ahmadinedjad attackéiert an an d'Gesiicht geschloen, well sech de konservative Staatschef iwwerraschend fir méi Pressefräiheet agesat huet.
Niewebäi de Lästergespréicher bezéie sech d'Dokumenter och op serieux politesch Prozesser. Israel souwéi déi arabesch Verbündete hätten d'USA zu engem Militärschlag géint Teheran gedrängt. De saudesche Kinnek Abdullah hätt dobäi verlaangt, 'der Schlaang de Kapp ofzeschloen'. Bahrain an Ägypten hätten ähnlech Meenunge vertrueden, sou de Guardian. Der britescher Zeitung no hätt USA och versicht, d'Féierung vun den United Nations auszespionéieren.
p { margin-bottom: 0.21cm; }
Dobäi mengen d'US-Diplomaten, datt Nordkorea Iran mat moderne Rakéiten beliwwert huet, déi esouguer Europa erreeche kéinten, sou d'New York Times. An engem Dokument aus dem Joer 2007 huet Teheran vun Pyongyang 19 Rakéiten kritt, déi mat Atomsprengkäpp ausgestatt waren, an eng Distanz vun 3000 Kilometer erreeche kéinten.
Et gëtt virun allem gefaart, datt d'Verëffentlechung d'Relatioune tëscht den USA a verschiddene Länner beaflossen oder esouguer verschlechtere kéint. D'Relatioune vun de Staatsführer ass bis elo ënnerschiddlech gewiescht.
Wikileaks hat am leschte Juli 77.000 Dokumenter zum Afghanistan-Krich zougänglech gemaach. Doropshin goufen am Oktober huet eng 400.000 geheim Ënnerlagen aus dem Pentagon zum Irak-Krich verëffentlecht.
Foto: Wikileaks-Grënner Julian Assange (AFP)
Envoyer cet article par emailAuthors: news352
 Le principe Noemi concept
		    			Le principe Noemi concept			   
			 Astuces informatiques
		    			Astuces informatiques			   
			 Webbuzz & Tech info
		    			Webbuzz & Tech info			   
			 Noemi météo
		    			Noemi météo			   
			 Notions de Météo
		    			Notions de Météo			   
			 Animation satellite
		    			Animation satellite			   
			 Mesure du taux radiation
		    			Mesure du taux radiation			   
			 NC Communication & Design
		    			NC Communication & Design			   
			 News Département Com
		    			News Département Com			   
			 Portfolio
		    			Portfolio			   
			 NC Print et Event
		    			NC Print et Event			   
			 NC Video
		    			NC Video			   
			 Le département Edition
		    			Le département Edition			   
			 Les coups de coeur de Noemi
		    			Les coups de coeur de Noemi			   
			 News Grande Région
		    			News Grande Région			   
			 News Finance France
		    			News Finance France			   
			 Glance.lu
		    			Glance.lu			   
			



 
	       
	       
	       
	       
	       
	       
	       
	       
	       
	      




