De Jean-Claude Juncker huet awer elo schonn affirméiert, dass déi exigent Fuerderungen vun der UEL kaum ze acceptéiere wieren. D'Patronater sinn awer absolut net vun hirer Positioun zum Thema Index ofzebréngen, déi e Moratoire vun zwee Joer wëllen. Si sinn der Meenung, dass wann de Mechanissem vun der Lounindexatioun onverännert bleift a nëmmen op den 1. Oktober 2011 reportéiert gëtt, wéi et e Mëttwoch festgehale ginn ass, sech de Mindestloun am Géigenzuch net ab dem 1. Januar 2011 erhéicht.
Ma och wat d'Cotisatioune vun der Krankeversécherung, déi ëm 0,2 Prozent méi deier ausfale wäert, ubelaangt, weist sech UEL net erfreet. Si refuséieren, dass dëst am Numm vun der Competivitéit soll agefouert ginn. Dat selwecht gelt fir d'Solidaritéitssteier, déi d'Regierung vun 4 op 6 Prozent fir Firmen erhéije wëll. Fir d'UEL steet fest, dass si dëst op kee Fall bezuele wäerten. “Et sinn d'Firmen, déi de Räichtem schafen an och mir hunn duerch d'Kris tëscht 10 an 15 Prozent u Competivitéit verluer” déclaréiert den UEL-President Michel Wurth.
Fir d'Regierung ass d'Haltung vun der UEL e graffe Réckschlag, ma si verléieren d'Hoffnung net, awer nach eng Léisung ze fannen. Den ënnerschriwwenen Accord mat de Gewerkschafte géif och weiderhin aktuell bleiwen an et soll weider mat de Patronater verhandelt ginn. De nächste Rendezvous ass an zwou Wochen. Envoyer cet article par email
Authors: news352
 Le principe Noemi concept
		    			Le principe Noemi concept			   
			 Astuces informatiques
		    			Astuces informatiques			   
			 Webbuzz & Tech info
		    			Webbuzz & Tech info			   
			 Noemi météo
		    			Noemi météo			   
			 Notions de Météo
		    			Notions de Météo			   
			 Animation satellite
		    			Animation satellite			   
			 Mesure du taux radiation
		    			Mesure du taux radiation			   
			 NC Communication & Design
		    			NC Communication & Design			   
			 News Département Com
		    			News Département Com			   
			 Portfolio
		    			Portfolio			   
			 NC Print et Event
		    			NC Print et Event			   
			 NC Video
		    			NC Video			   
			 Le département Edition
		    			Le département Edition			   
			 Les coups de coeur de Noemi
		    			Les coups de coeur de Noemi			   
			 News Grande Région
		    			News Grande Région			   
			 News Finance France
		    			News Finance France			   
			 Glance.lu
		    			Glance.lu			   
			 
			 
			 
			













