Och viru schwangere Fraen a jonke Mammen hätten d'Ugräife net zeréckgeschreckt. Vill Frae wiere virun de Ae vun hire Männer vergewaltegt ginn, erkläert den zentralafrikaneschen Dokter. D'Vergewaltegungsaffer waren deemno tëscht 16 a 75 Joer al. Et wier gutt méiglech, dass d'Zuel vu betraffen Affer weider klëmmt, vill vun hinnen hätte sech zum Beispill net medezinesch behandele gelooss. Donieft wiere nach net sämtlech Gesondheetszentren vun der Regioun zu weidere Fäll befrot ginn. Envoyer cet article par email
Authors: news352