D'Expulsioun huet international vill Opmierksamkeet ausgeléist. D'UN-Mënscherechtskommissioun zum Beispill weist sech déif betraff. D'EU-Kommissioun huet der franséischer Regierung matgedeelt, d'Recht vun der Nidderloossungsfräiheet an d'Fräizügegkeet vun EU-Bierger ze respektéieren. Den UN-Ausschoss fir d'Beseitege vu Rassendiskriminéierung huet erkläert, d'Handlungsweis vu Frankräich kéint zu méi Rassismus a Friemenhaass féieren.
Zanter Deeg steet den EU-Kommissiounspresident José Manuel Barroso awer an der Kritik, well hien zu den ëmstriddenen Expulsiounen aus Frankräich bis ewell näischt gesot huet. De Barroso misst kloermaachen, dass sou eng Reaktioun an dëser Ugeleeënheet net als Zoustëmmung opgefaasst gëtt.
Déi franséisch Regierung huet iwwerdeems eng fest a kloer Positioun ageholl. Si betount, si hätt sech an dëser Fro genee un d'EU-Gesetzer sou wéi un d'Zousoen zum Schutz vun de Mënscherechter gehalen. D'Expulsioun vu Sinti a Roma baséiert um Prinzip vun der Fräiwëllegkeet an et géif een och finanziell Hëllef bereetstellen. Eenzelfäll vun enger forcéierter Expulsioun wieren administrativ a gesetzlech streng kontrolléiert ginn.
Dem EU-GEsetz no kënnen d'Bierger vun engem EU-Staat an en anert EU-Land reesen a sech do ouni Visum fir dräi Méint ophalen. Iwwert den uschléissende Verlaf décidéieren d'EU-Memberen eegestänneg. Experte no, hätt d'Virgoe vun der franséischer Regierung net géint d'EU-Recht verstouss. Allerdéngs sinn déi unhalend Diskussiounen iwwert en dauerhaften Openthaltsuert vu Sinti a Roma net grondsätzlech geléist.
De Groussdeel vun ausgewisene Sinti a Roma staamt ursprénglech aus Rumänien. Entspriechend verstäerkt Frankräich elo schonn déi bilateral Kooperatioun mat der rumänescher Regierung, fir den expulséierte Sinti a Roma ze hëllefen, sech op der Plaz an d'Gesellschaft ze integréieren. Envoyer cet article par email
Authors: news352
 Le principe Noemi concept
		    			Le principe Noemi concept			   
			 Astuces informatiques
		    			Astuces informatiques			   
			 Webbuzz & Tech info
		    			Webbuzz & Tech info			   
			 Noemi météo
		    			Noemi météo			   
			 Notions de Météo
		    			Notions de Météo			   
			 Animation satellite
		    			Animation satellite			   
			 Mesure du taux radiation
		    			Mesure du taux radiation			   
			 NC Communication & Design
		    			NC Communication & Design			   
			 News Département Com
		    			News Département Com			   
			 Portfolio
		    			Portfolio			   
			 NC Print et Event
		    			NC Print et Event			   
			 NC Video
		    			NC Video			   
			 Le département Edition
		    			Le département Edition			   
			 Les coups de coeur de Noemi
		    			Les coups de coeur de Noemi			   
			 News Grande Région
		    			News Grande Région			   
			 News Finance France
		    			News Finance France			   
			 Glance.lu
		    			Glance.lu			   
			



 
	       
	       
	       
	       
	       
	       
	       
	       
	       
	      




