Authors: news352
Samedi, 09 Janvier 2010 00:00
Ogepasst! Falsch Spendesammler ënnerwee
- font size decrease font size increase font size
- Imprimer
D'ASTI huet mëttlerweil schonn e puer Berichter erhalen, dass zu Lëtzebuerg e puer onéierlech Leit hiert Onwiesen dreiwen a sech als ASTI-Mataarbchter ausginn, fir Spenden anzekasséieren. D'Geschicht, déi si opdëschen ass, d'Geschicht vum Dout vun engem portugisesche Kand. De President vun der Organisatioun, Jean Lichtfous, betount an engem Communiqué, dass dës Männer a kengem Zesummenhang mat der ASTI stinn.
“An den 30 Joer vum Bestoen vun der Organisatioun, wiere nach ni direkt Spendenufroen un den Hausdiere gemaach
ginn. Dëst weder fir hëllefsbedürfteg Persounen ze ënnerstëtzen, nach fir d'ASTI selwer ze ënnerstëtzen an dat wäert och an Zukunft ni de Fall sinn” sou den ASTI-President. Déi Leit, déi entweder schonn Affer vun den Trickdéiwe gi sinn oder un hirer Hausdier fir eng Spend ugeschwat gi solle sech direkt bei der Police mellen.
Envoyer cet article par email
Last modified on Mardi, 30 Novembre 1999 01:00
Read 19591 times
Like this? Tweet it to your followers!
Published in
Informations Luxembourg et Grande Région