Auto um Daach gelant
E Chauffer war géint 21.45 Auer op der A13 vu Mondorf a Richtung Schengen ënnerwee, wéi hien engem Déier, dat just an dee Moment iwwert d'Fuerbunn gelaf ass, huet missen ausweechen. De Mann huet doropshin d'Kontroll iwwert säi Gefier verluer an huet sech iwwerschloen. Den Auto ass dobäi um Daach nach e puer Meter weider iwwert d'Autobunn gerutscht.
Déi fräiwëlleg Pompjeeën hunn de Chauffer missen aus dem Auto befreien. Béid Passagéier, de Chauffer a senger Bäifuererin, si liicht blesséiert mat der Protex vu Réimech an d'Spidol bruecht ginn. Op der Plaz de Centre d'Intervention vu Réimech.
Frontalkollisioun mam Gemengenhaus Kielen
An der Nuecht op e Sonnden, huet eng Automobilistin géint 00.30 Auer, an enger Lénkskéier d'Kontroll iwwert hiren Auto verluer an an un d'Schleidere komm. Fir d'éischt ass d'Gefier géint e Schëld geknuppt, huet eng Ofspärung gesträift an ass zum Schluss géint d'Face vum Gemengenhaus Kielen gerannt.
Um Auto ass Totalschued entstanen, ob der Automobilistin e Leed geschitt ass, huet d'Police awer net matgedeelt. Am Asaz war de Centre d'Intervention vu Capellen.
Moto aus dem Auto geschleidert
Um spéide Sonndenowend, géint 22.30 Auer, ass et am Ausgang vu Chrëschtnech a Richtung Waldbëlleg zu engem méi uergen Accident komm. E relativ jonke Chauffer hat d'Kontroll iwwert säi Gefier verluer an ass dobäi mat sengem Auto frontal an e Bam gerannt.
Den Opprall war därmoossen hefteg, dass de Moto aus dem Auto eraus geschleidert ginn ass. Zwou Persoune si bei dësem Accident blesséiert ginn. De Chauffer ass mat liichte Verletzungen dervukomm, ma säi Bäifuerer ass méi uerg blesséiert ginn. Op der Plaz war de Centre d'Intervention vu Larochette. Envoyer cet article par email
Authors: news352
 Le principe Noemi concept
		    			Le principe Noemi concept			   
			 Astuces informatiques
		    			Astuces informatiques			   
			 Webbuzz & Tech info
		    			Webbuzz & Tech info			   
			 Noemi météo
		    			Noemi météo			   
			 Notions de Météo
		    			Notions de Météo			   
			 Animation satellite
		    			Animation satellite			   
			 Mesure du taux radiation
		    			Mesure du taux radiation			   
			 NC Communication & Design
		    			NC Communication & Design			   
			 News Département Com
		    			News Département Com			   
			 Portfolio
		    			Portfolio			   
			 NC Print et Event
		    			NC Print et Event			   
			 NC Video
		    			NC Video			   
			 Le département Edition
		    			Le département Edition			   
			 Les coups de coeur de Noemi
		    			Les coups de coeur de Noemi			   
			 News Grande Région
		    			News Grande Région			   
			 News Finance France
		    			News Finance France			   
			 Glance.lu
		    			Glance.lu			   
			



 
	       
	       
	       
	       
	       
	       
	       
	       
	       
	      




