Ma och wann d'Bayern München Spiller, sief et och eng Allstars-Equipe, bestëmmt bei méi grouss Matcher matgewierkt hunn, sou si si awer houfreg dobäi gewiescht ze sinn. “Mir hu kee Spiller misse laang iwwerzeegen, Jiddereen huet spontan décidéiert a Jo gesot”, sou de Raimond Aumann. “Wou den FC Bayern München spillt, schéngt d'Sonn”, sou dem Aumann seng passend Wierder. Hat et virum Match nach wéi aus Eemere gereent, sou huet sech pënktlech bei der Opwiermphas d'Sonn gewisen.
D'Ausso vum Carlo Weiß zu hiren Trainingspreparatiounen “Schung agepak a lass” huet sech dann och bewisen, déi éischt Goaler duerch den FC Bayern München hu net laang op sech waarde gelooss. De Specteuren war et dann och egal wien dobäi den Treffer erzielt huet, béid Équipë si kräfteg ugefeiert ginn, och wa bestëmmt méi Bayern-Fans zesummekomm sinn.
Natierlech ass et bei dësem Frëndschafts-Match fir de gudden Zweck och eppes ze gewanne ginn. An der Halschent konnte nämlech déi kleng Nowuessspiller hiert Talent ënner Beweis stellen. Mat engem geziilte Schoss op d'Lat, konnt de gléckleche klenge Goalkeep vu Réimech, mat 500 Euro an der Täsch vum Terrain stolzéieren. Den Haaptsponsor Carlo Demuth huet och net mat engem flotte Präis gegäizt an en fonkelneien Audi A1 inklusiv den Autogramme vun den Bayern-Allstars als Haaptpräis gestallt. De Gewënner mat der Lousnummer 4016 ass zwar ausgeruff ginn, huet sech awer nach net gemellt.
De kompletten Erléis vun den Entréesbilljeeën an der Verlousung sinn dann och un “d'Fondatioun kriibskrank Kanner” an “Recherches scientifiques Luxembourg” gaang.
Authors: news352