Thursday 19 September 2024
Font Size
   
Friday, 20 May 2011 17:00

Alles gréng: Lëtzebuerg fuerdert eng schnell Ännerung am Beräich vun der Energie

Wann Lëtzebuerg just nach gréngen Stroum well produzéieren, muss eng ganz nei Infrastruktur opgebaut gin.

Lëtzebuerg well déi erneierbar Energien drastesch ausbauen, esou dat d’Ofhängegkeet vum Ausland verklengert gëtt. Dëst huet den Wirtschaftsminister Jeannot Krecké am Kontext vun der Ouverture vun der Fréijoer’s Foire ugekënnegt.

Deemno sollen bis 2020 just eng 90 % anstatt 98% vun der Energie aus dem Ausland kommen. Am Moment géing een och d’Konstruktioun vun engem zweeten Gaskraaftwierk préiwen loossen wouduerch Lëtzebuerg méi onofhängeg vun den Nopeschlänner kéint ginn.

An den nächsten 10 Joer soll d’Zuel vun den Photovoltaik-an Thermosolaranlagen verzéngfacht ginn. Och d’ Zuel vun den Wandmillen sollen sech bis op 90 méi wei verduebelen.

Last modified on Friday, 20 May 2011 21:21
French (Fr)English (United Kingdom)

logo-noemi

Parmi nos clients