Thursday 14 November 2024
Font Size
   
Friday, 20 May 2011 17:00

Skandal op der Uni Lëtzebuerg

Den Carsten Carlberg huet säit 2005 um Lampertsbierger Campus geschafft. Hien huet en Team an der Bioinformatik geleet. Seng Recherche Methoden goufen fir d'eischt a Fro gestallt no enger Remarque vun engem Expert – doropshin ass erauskomm dass dem Carlberg seng Daten net valid waren. Dëst verstéisst géint ethesch an scientific Normen, an huet konsequent Auswierkungen op Demande fir eng Bourse.

Déi eemoleg Educatiounsministerin Anne Brasseur seet dass dësen Fall en serieuxen negativen Impakt op den Image vun der Uni Lëtzebuerg hunn kann. Dëst ass zemools e Problem well d'Uni nach sou nei ass an sech nach ëmmer amgaang ass e Numm ze maachen.

Mais et ginn och gutt Nouvellen: d'Uni Lëtzebuerg attitréiert weiderhin Studenten aus dem Grand-Duché an aus dem Ausland. Am Moment sinn eng 4,900 Studenten ageschriwwen. D'Ziel fir 5,400 Studenten bis am Joer 2013 ze kréien ass also weiderhin realistesch. Am Moment sinn 37% vun den Studenten aus dem Ausland.

Last modified on Friday, 20 May 2011 21:37
French (Fr)English (United Kingdom)

logo-noemi

Parmi nos clients