Anerersäits gouf festgestallt, datt et am Projet u strukturelle Reformen am Bezuch zum Pensiouns- a Gesondheetssystem fehlt.
D'Chambre des Métiers an d'Cour des Comptes sinn allen zwee domadder averstanen, datt di zwee Secteuren vun der Pensioun a vun der Gesondheet onbedéngt mussen op enger effizienter Art a Weis adresséiert ginn, fir d'Finanzen op eng laang Dauer z'assuréieren.
De President Roland Kuhn mengt, datt eng Rei vu Moossnamen, fir d'ëffentlech Finanzen ze consolidéieren, eng gutt Aktioun ass. Mä, et misst ee sech de Contenu vum Projet méi genau ukucken.
De Lëtzebuerger ökonomesche Modell gëtt virun allem schaarf kritiséiert. De Wuesstem wier virun allem scho virun der Finanzkris um Wee fir erof gewiescht. Mat engem Chômage, dee Rekordhéichten erreecht huet, ëffentlech Depensen déi an den Defizit falen, an d'Kompetitivitéit déi weider erofgeet, wier den aktuelle Modell net méi viabel.
D'Fuerderung vun der Kompetitivitéit wier essentiell. Do géife besser Qualifikatiounen den Aarbechter erméiglechen, de Wuesstem vum Land weiderzedreiwen. Anerersäits, gëtt zum Beispill och eng 2-järeg Brems op d'Erhéijung vun de Salaire proposéiert.
Dobäi missten d'Depensen nach vill méi reduzéiert ginn. D'Salairen vun de Fonctionnairen, déi zum Beispill 80% vun den Ausgabe fir de Fonctionnement representéieren, misst ee reviséieren.
D'Regierung hätt och besser, d'Investissementer méi efficace ze geréieren. Bei verbesserte Konstruktiounsmethoden kéint ee méi spueren an doropshin méi Projeten lancéieren.
Dobäi soll och Schluss mam Luxus sinn. D'Optimiséierung vun de Bauprozeduren soll also alles eliminéieren, wat net néideg ass.
D'Chambre des Métiers fuerdert eng Erneierung vum Tripartite-Dialog fir en effektiven 'Reform-Agenda 2020' z'engagéieren a fir en neie Wuesstemsmodell fir d'Zukunft ze definéieren.
Envoyer cet article par emailAuthors: news352
 Le principe Noemi concept
		    			Le principe Noemi concept			   
			 Astuces informatiques
		    			Astuces informatiques			   
			 Webbuzz & Tech info
		    			Webbuzz & Tech info			   
			 Noemi météo
		    			Noemi météo			   
			 Notions de Météo
		    			Notions de Météo			   
			 Animation satellite
		    			Animation satellite			   
			 Mesure du taux radiation
		    			Mesure du taux radiation			   
			 NC Communication & Design
		    			NC Communication & Design			   
			 News Département Com
		    			News Département Com			   
			 Portfolio
		    			Portfolio			   
			 NC Print et Event
		    			NC Print et Event			   
			 NC Video
		    			NC Video			   
			 Le département Edition
		    			Le département Edition			   
			 Les coups de coeur de Noemi
		    			Les coups de coeur de Noemi			   
			 News Grande Région
		    			News Grande Région			   
			 News Finance France
		    			News Finance France			   
			 Glance.lu
		    			Glance.lu			   
			








