Wéi d'Police matgedeelt huet, hat géint 17.50 Auer en Haus zu Nidderkäerjeng gebrannt. Eng Persoun, déi de Noutruff gewielt hat, konnt awer confirméieren, dass sämtlech Persounen am Haus, d'Gebai scho verlooss hätten.
Wéi d'Pompjeeën op der Plaz ukomm sinn, stoung de Rez-de-chaussée vum Haus a Flamen, déi et gegëllt huet ze bekämpfen. Duerch déi staark Hëtzt- an Dampentwécklung, ass awer och den éischte Stack relativ staark beschiedegt ginn.
Am Haus huet eng
Famill vu fënnef Persounen, zwee Erwuessener an dräi Kanner, gewunnt, déi einstweilen net kënnen an hier Doheem zeréck. D'Gemengeverwaltung huet sech der Famill ugeholl, an och de Buergermeeschter Michel Wolter war op der Onglécksplaz, fir sech e Bild vun der Situatioun ze maachen.