Zeene wéi aus Amerika
De gesichten Auto konnt doropshin duerch eng weider Policepatrull op der Héicht vun der Gare erëmfonnt ginn. Beim LTAM zu Rodange konnt d'Patrull d'Panzvollistin anhuelen, ma si ass trotz bloe Luuchten a Siren net stoe bliwwen an ass weider a Richtung Rondpoint PED/Lamadelaine gefuer.
Endlech ass et de Beamten awer gelongen, den Auto am Rondpoint ze stoppen, andeems si sech virun de Hyundai gestallt hunn. D'Automobilistin wollt net opginn an huet kuerzerhand de Réckgang ageluegt. Der Police ass et awer nach gelongen d'Dier vum Auto opzerappen an d'Fra aus dem Auto ze zéien.
Et huet sech erausgestallt, dass d'Fra därmoossen voll war, dass si nach net emol am Stand war selbstänneg stoen ze bleiwen. Un hirem Gefier sinn dann och nach eng Heede Wull Beschiedegunge festgestallt ginn, sou dass d'Police dovun ausgeet, dass si op an der Géigend vu Rodange e puer aner Gefierer ze pake krut a Fahrerflucht begaang huet. En duerchgefouerten Alkoholtest, no direkt e puer Versich, war wéi erwaart positiv an huet en extrem héije Wäert ugewisen.
Net genuch, et ass och nach festgestallt ginn, dass d'Gefier net uerdnungsgemäss ugemellt war an dowéinst och direkt, op Unuerdnung vum Parquet générale, beschlagnahmt ginn ass. Der Fra ass de Führerschäin ofgeholl ginn an hier dréit elo och nach eng Strof wéinst Beamtebeleidegung op ënneschtem Niveau. Envoyer cet article par email
Authors: news352
 Le principe Noemi concept
		    			Le principe Noemi concept			   
			 Astuces informatiques
		    			Astuces informatiques			   
			 Webbuzz & Tech info
		    			Webbuzz & Tech info			   
			 Noemi météo
		    			Noemi météo			   
			 Notions de Météo
		    			Notions de Météo			   
			 Animation satellite
		    			Animation satellite			   
			 Mesure du taux radiation
		    			Mesure du taux radiation			   
			 NC Communication & Design
		    			NC Communication & Design			   
			 News Département Com
		    			News Département Com			   
			 Portfolio
		    			Portfolio			   
			 NC Print et Event
		    			NC Print et Event			   
			 NC Video
		    			NC Video			   
			 Le département Edition
		    			Le département Edition			   
			 Les coups de coeur de Noemi
		    			Les coups de coeur de Noemi			   
			 News Grande Région
		    			News Grande Région			   
			 News Finance France
		    			News Finance France			   
			 Glance.lu
		    			Glance.lu			   
			



 
	       
	       
	       
	       
	       
	       
	       
	       
	       
	      




