Eurostat no, hunn alleng den 1. Januar 2009 ronn 31,9 Milliounen Auslänner an den EU27-Memberstaate gelieft, vun deenen 11,9 Milliounen aus engem aneren EU27-Memberstaat waren. En aneren Deel beschäftegt sech mam Duerchschnëttsalter vun den eenzelne Memberstaaten an der EU an dem Duerchschnëttsalter vun den Auslänner (EU27 an Drëttstaaten) am Verglach.
Opfälleg hei ass, dass Däitschland mat engem Duerchschnëttsalter vun der Gesamtbevëlkerung vun 44,5 Joer, dat Land mat den eelste Bewunner ass. Iwwerdeems zu Lëtzebuerg an Däitschland d'Diskrepanz tëscht der Gesamtbevëlkerung an der auslännescher Bevëlkerung grouss ass, gëtt et a Frankräich an där Hisiicht kaum en Ënnerscheed.
Déi komplett Resultater kënne vun Eurostat erofgeluede ginn. Envoyer cet article par email
Authors: news352