Weltbekannt Kënschtler, wéi den David Copperfield a Siegfried & Roy, si scho mat der „Mandrake d'Or“ geéiert ginn. De Präis gëtt säit 1990 all Joer zu Paräis un di bescht international Profi-Magier verléint. 
D'„Académie française des illusionnistes“ ass immens selektiv an invitéiert nëmmen di beschte Kënschtler op den internationale Festival vun der Illusioun an Zauberkonscht. 
Dëst Joer ware sech d'Jugen eeneg: De renomméierte Präis soll un
	   
	  
	  	  
	  
	  	 den David Goldrake aus Lëtzebuerg goen.
De Goldrake huet sech immens iwwer de Präis gefreet an huet senge Frënn a Fans fir hir Ënnerstëtzung bedankt.
Fans vum Magier mussen sech awer nach gedëllegen. Hien trëtt fir d'nächst vun Abrëll 2011 un erëm zu Lëtzebuerg op.
				
Envoyer cet article par emailAuthors: news352