> Leit reegen sech iwwert neien Postsystem op
Vendredi, 20 Mai 2011 17:00

Leit reegen sech iwwert neien Postsystem op

Eng laang Zäit hat d'Post un der Reorganisatioun vun den Tournéen gebastelt, mais iergendwéi ass alles schiefgelaaf wat nëmmen schieflaafen kann. Am Moment dief keen Post Employée Vakanz huelen – wéinst der Ëmstellung.

„Alles virun deem mir gewarnt haten, ass agetrueden“, sot den Präsident vun der Bréifdréiesch Gewerkschaft Eugène Kirsch am Lëtzebuerger Wort. Dass d'Problemer an den nächsten Deeg all geléist ginn wäerten gleeft den Gewerkschaft Präsident net. Zemools well an e puer Deeg d'Vakanzenspär erëm opgehuewen gëtt. Dann mussen nach manner Bréifdréier all d'Breifer, Päck, Zeitungen an Reklammen ausdeelen.

An Tëschenzäit ass och de Public an vill Clienten richteg rosen iwwert d'Qualitéit vun dem Lëtzebuerger Postservice. Den Image vun P+T leit immens.

Last modified on Vendredi, 20 Mai 2011 21:35
back to top