Authors: news352
>
Wéi d'Police matgedeelt huet, ass et hannert engem Bauerenhaus zu Steeën an enger 6-7 Meter héijer Hal zu engem serieuxe Brand komm.
Et ass en däitleche materielle Schued festgestallt ginn, mä et ass glécklecherweis kee blesséiert ginn.
Déi genau Ëmstänn vum Brand bleiwen nach onkloer.