> Fréijoersfoire um Kierchbierg
Vendredi, 20 Mai 2011 17:00

Fréijoersfoire um Kierchbierg

Dësen Evenement gehéiert zu den beléifsten Konsumentefoiren an der Groussregioun an ass geschäftlech wéi och sozial e wichtegen Treffpunkt.

Et ginn 400 Exposanten aus 70 Branchen erwaart, déi op 33.000 m2 hir neisten Wueren a Servicer aus den Beräicher Gastronomie, Wäin – an Iesskultur, Haushaltsgeräter, Gaardemiwwelen an Wellness virstellen.

Als neisten Element gëtt et dëst Joer fir d’alleréischte Kéier dann och d’“Emobility“, déi e wichtegen Treffpunkt a punkto Mobilitéit an elektreschen Transport  ass.

Dëst Joer ass d’Foire laang genuch op fir dass och Leit déi schaffen genuch Zäit kréien dovun ze profitéieren. Domat ass d’Foire an der Woch vun 14 bis 20 Auer op, Donneschdes souguer bis 22 Auer, an de Weekend vun 10 bis 19 Auer.

Méi Informatiounen ginn et um Site vun der Fréijoersfoire.

Last modified on Vendredi, 20 Mai 2011 21:43
back to top