> E Mann hëllt seng Schlang mat an de Restaurant
Vendredi, 20 Mai 2011 17:00

E Mann hëllt seng Schlang mat an de Restaurant

„E war virun e puer Deeg schon emol mat engem Kolleeg hei“, erzielt d’Siu Ping, serveuse am restaurant. Mee geschter Owend hat net e Schaal oder eng Ketten ëmt den Hals hänken, mee eng Schlaang, fir genau ze sin e Python.

„Wou en erakomm ass hun ech mech gefroot firwaat en e Schall unhätt, well et guer net kaal war. An dunn hunn ech op emol eng Zong gesin, an d’Schlaang huet sech beweegt“, bericht d’Siu.

D’Leit un den Dëscher an de Besetzer waren net extreem erfreet an hu sech a Gefor gespuert. „Mir hun alleguer gefaart“, gesteht d’Siu Ping. Dunn huet si d’Police geruff, di en Taxi fir den Här mat dem ongewéinlechen Hausdéier bestallt hun. Den Här as dunn ouni wéider eng opzeféiren mat senger Schlaang heemgefuer.

Last modified on Vendredi, 20 Mai 2011 21:42
back to top