Dëst huet d'EU-Kommissioun matgedeelt, nodeems d'Moossnamen, déi vu Litauen a Rumänien op Recommandatioun vum EU-Rot den 16.02.2010 wéinst hiren Defiziter hu missen ergraff ginn, bewäert gi sinn. D'Kommissioun ass der Meenung, dass béid Länner d'Recommandatioune gutt ëmgesat hunn.
“Litauen a Rumänien hunn déi ugemiesse Schrëtt zur Korrektur vun hirem Haushaltsdefizit ënnerholl. Béid Länner sinn um gudde Wee, hir Defiziter fir den accordéierten Zäitpunkt op ënner 3 Prozent
zeréckzeféieren. Weider Ustrengunge mussen trotzdem nach gemaach ginn”, sou den Olli Rehn, Kommissar fir Wirtschaft a Währungsugeleeënheeten. Deemno si weider Schrëtt am Defizitverfahren si net néideg.
Den Ament sinn 24 EU-Memberstaaten an engem iwwerméissegen Defizitverfahren (EDP-Verefahren), zu deem den EU-Rot all kéiers hir Recommandatiounen ausgeschwat huet an deementspriechend Délaie fir eng Korrektur gesat huet, déi vun 2011 bis 2014 reechen.
Envoyer cet article par emailAuthors: news352
Last modified on Tuesday, 30 November 1999 01:00