Wéi d'Police matgedeelt huet, war eng Policepatrull géint 01.20 Auer zu Hënchereng ënnerwee. An der Route d'Esch huet en Automobilist hinne Bléckzeechen mat der Warnblénkanlag gemaach. Ganz nom Motto “Polizei dein Freund und Helfer” sinn d'Beamten mat hirem Déngschtwon op der Héicht vu sengem Gefier stoe bliwwen.
De Mann huet sech doropshin op engem Parksträifen geparkt an d'Policebeamten hunn de Mann gefrot, ob hien dann eventuell Hëllef bréischt. Am Gespréich mam Mann hunn d'Beamten awer
en Alkoholgeroch an uecht geholl, deen hinnen aus dem Gefier entgéint an d'Nues geklommen ass.
D'Beamte vum Centre d'Intervention Diddeleng hu net laang gezéckt an hunn dem alkoholiséierte Mann, no engem positiven Test wuelverstan, och tatsächlech gehollef. Si hunn dem Mann de Führerschäin ofgeholl an e Protokoll ass ausgestallt ginn.
Envoyer cet article par emailAuthors: news352
Last modified on Tuesday, 30 November 1999 01:00