Ee Mount nom Minnenongléck, gëtt et fir déi 33 am Chile verschotte Biergaarbechter Hoffnung op eng méi fréi Rettung, wéi bis ewell erwaart gi war. An engem, un d'Rettungsleit verdeelte Pabeier heescht et, dass mat engem Uelegbuerer am beschte Fall bis Uganks November e Rettungstunnel fäerdeggestallt gi soll.
Dem neie Rettungsplang no, versprécht de “Plang C” eng fréi Rettung vun den agespaarte Kumpel zu Caopiapo. Dobäi soll den 18. September e risegen Uelegbuerer an den Asaz kommen, fir deen eng
Ausgangsfläch vun der Gréisst vun engem Fussballsterrain néideg ass. Bei Problemer kéinten d'Aarbechten dann awer bis Uganks Dezember undaueren.
Zanter enger Woch ass d'Maschinn “Strata 950” mat der Ëmsetzung vum “Plang A” beschäftegt. Dëse Buerer preparéiert en 66 Zentimeter breeden Tunnel bis op eng Déift vun 700 Meter. Dësen dierft allerdéngs e puer Méint Zäit an Usproch huelen. Bis e Sonnden huet d'Strata 950 ronn 40 Meter gepackt.
Envoyer cet article par emailAuthors: news352