> Juncker well Europäeschen Nofolger fir den Strauss-Kahn
Friday, 20 May 2011 17:00

Juncker well Europäeschen Nofolger fir den Strauss-Kahn

Den Dominique Strauss-Kahn ass en Donneschdeg Owend fir eng Millioun Dollar aus dem Prisong gelooss ginn, ënnert der Konditioun dass hien ënnert Hausarrest lieft. Dëst kennt nodeems hien ugeklot ass en Zemmermeedchen am Sofitel Hotel zu New York sexuell attackéiert ze hunn.

Lo stellt sech d'Fro ween dem Strauss-Kahn seng Positioun als Chef vun dem IMF (International Monetary Fund) iwwerhellt. Den Strauss-Kahn huet wéinst dem Skandal vun senger Positioun zrécktrieden missen bis hien beweisen kann dass hien onschëlleg ass.

Säit 1946 ass festgeluecht dass d'Welt Bank ëmmer vun engem Amerikaner geleet gëtt, an den IMF vun engem Europäer. Global gëtt dës Traditioun awer elo ëmstridden.

Den Jean-Claude Juncker bleift der Iwwerzeegung dass en Europäer dem Strauss.Kahn folgen soll. Hien seet „mir sinn am Epizenter vun enger globaler Kris an der Eurozone“. D'Implicatioun ass dass en Europäer am beschten gëeegent ass fir mat den Problemer an der Eurozone ëmzegoen.

An Tëschenzäit steigen d'Spekulatiounen ëm den Nofolger vum Strauss-Kahn. Als Favorit gëllt d'Christine Lagarde, déi Franséisch Finanzministerin. Den Jean-Claude Juncker seet et wier awer nach ze frei fir si als Kandidatin ze ënnerstëtzen.

Last modified on Friday, 20 May 2011 21:39
back to top