Och d'US-Biergerin Debbie Salamone, där am Joer 2004 en Hai beim Schwammen zu Florida d'Achillessehn duerchgetrennt hat, engagéiert sech fir d'Déieren. “Ech war eigentlech kee grousse Frënd vun Haien”, erkläert hatt. “Ech hu meng Rach geplangt a wollt Haisteaks iessen”. Mam Antriede fir den Aarteschutz konnt hatt dëst Gefill mëttlerweil iwwerwannen.
De südafrikanesche Rettungschwëmmer Achmat Hassiem, deem en Hai de rietse Fouss ofgebass huet, huet och iwwert seng schwiereg Erfahrunge mat den Déiere bericht. “Et war, wéi wann ee géint e Panzer kämpft”, sot hien iwwert säin Zesummentreffe mat engem Hai. Hie wéilt awer net, dass seng Kanner an e Musée musse goen, fir ze wësse wat en Hai ass.
Weltwäit gi pro Joer manner wéi 70 Ugrëffer vun Haien op Mënschen enregistréiert. Mir dierfen dobäi awer net vergiessen, dass et de Mënsch ass, dee säi Revéier andréngt an net den Hai an eist. Envoyer cet article par email
Authors: news352