Jeudi 19 Septembre 2024
taille du texte
   
Vendredi, 20 Mai 2011 17:00

Mat 200.000 Euro an der Broutkëscht iwwert d'Grenz

An der EU dierfen maximal 10.000 Euro zollfräi iwwert Landesgrenzen geholl ginn. Well een awer mat engem Lëtzebuergeschen Konto Steieren spueren kann, sinn Lëtzebuergesch Banken nach ëmmer staark beléift. Mais, wat maachen wann een dréngend Boergeld brauch?

D'Douane un den Lëtzebuerger Grenzen fënnt déi verrécktesten Platzen, op deenen Leit hiert Boergeld verstoppen wann si iwwert d'Grenz fueren.

Den leschten ongleewlegen Fall war en Mëttwoch. Do hat e Mann aus Hessen probéiert 200.000 Euro iwwert d'Grenz ze schmuggelen – an enger Broutkëscht.

Well den 56-Järegen d'Boergeld net ugemellt hat ass elo en Verfueren géint hien ageleet ginn. Dem Mann drout eng Strof vun bis zu 50.000 Euro.

Säit 1998 mécht d'Douane Stéchprouwen op den Grenzen vun den EU Memberstaten. Doduerch soll Geldwäsch opgedeckt ginn, an virun allem vermeit ginn.

Last modified on Vendredi, 20 Mai 2011 21:39
French (Fr)English (United Kingdom)

logo-noemi

Parmi nos clients