En eréischt nei gebaute Waasserbuer, virum deemolegen Atelier vun der Gemeng, ass mat Paweessteng (vun der Baustell op der Place Frounert) komplett zougeschott ginn. D'Gemengenaarbechter hu net manner wéi 8 bis 9 Schubkare Steng missen ewechraumen. Donieft ass d'Becke mat Sand zougeschott ginn, wouduerch de Récklaf zur Attert verstoppt ass an de Sprangbuer ass iwwergelaf. Dës weideren ass dat mëttlert Rouer vum Sprangbuer verbéit ginn.
Hannert dem Gemengenatelier sinn d'Metallgelänneren vun enger provisorescher Bréck beschiedegt ginn. Mat Hëllef vun engem Holzpoul sinn dann och nach Metallstriewe vum Gelänner komplett verbéit ginn.
Déi hallefstaark Band huet sech awer do nach net genuch ausgetobt, zwee Mol ass d'Glas vun enger Lanter agehäit ginn. An enger Lanter loung den ofgebrachene Gipskapp vun enger Statue. Hire Wee ass duerno weidergaang op d'Attert Bréck an der Grand-Rue, wou de Blummekiwwel mat der Befestegung erofgestouss gi sinn. Bei engem mobilen Toilettenunhänger bei der Place Frounert sinn zum Schluss nach déi véier Pneue platt gestach ginn.
Feier an der Route de Mersch
Onbekannten Täter hunn um vergaangene Weekend an der Route de Mersch e Feier hannert engem Gebai ugezünt, andeems si d'Gratiszeitung “L'Essentiel” ugefaang hunn. Et sinn dann och grouss Brandflecken op der Feiertrap entstan. En anert Feier ass donieft och nach an enger Poubelle am hënneschten Haff ugefaang ginn, wouduerch d'Ofdeckung ewechgeschmollt ass.
An hirer blanner Zerstéierungswut hunn d'Täter mam Sand aus enger Sandkëscht aus dem Haff vun der Précoce géint déi hënnescht Aganksdier gehäit. Net gewosst ass, ob et sech bei dësem Vandalismusakt och ëm d'Band vun der Place Frounert handelt.
Wéi d'Police mellt, ass en héije Materialschued entstan. Eventuell Zeie solle sech beim 113 oder beim CP Groussbus mellen. Envoyer cet article par email
Authors: news352
 Le principe Noemi concept
		    			Le principe Noemi concept			   
			 Astuces informatiques
		    			Astuces informatiques			   
			 Webbuzz & Tech info
		    			Webbuzz & Tech info			   
			 Noemi météo
		    			Noemi météo			   
			 Notions de Météo
		    			Notions de Météo			   
			 Animation satellite
		    			Animation satellite			   
			 Mesure du taux radiation
		    			Mesure du taux radiation			   
			 NC Communication & Design
		    			NC Communication & Design			   
			 News Département Com
		    			News Département Com			   
			 Portfolio
		    			Portfolio			   
			 NC Print et Event
		    			NC Print et Event			   
			 NC Video
		    			NC Video			   
			 Le département Edition
		    			Le département Edition			   
			 Les coups de coeur de Noemi
		    			Les coups de coeur de Noemi			   
			 News Grande Région
		    			News Grande Région			   
			 News Finance France
		    			News Finance France			   
			 Glance.lu
		    			Glance.lu			   
			







